Den ‘Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld’ ass e Projet vun der Gemeng Suessem. D’Zil vum Matgesfeld ass et, fir Grouss a Kleng erëm méi a Kontakt mat der Natur ze bréngen an Natur- an Ëmweltschutz iwwert de Wee vun der Ëmweltbildung nohalteg ze fërderen.

 

Amplaz vun den Elweltwoche, gëtt et elo d’Emweltjoer. 2024 stinn vill Aktivitéiten vum Emweltbüro vun der Gemeng Suessem am Zeechen vun der nohalteger Mobilitéit. Zuch, Bus, Velo, Féiss… Fir all Modus hu mir eppes mat dobäi.

Wat mir dëst Joer alles geplangt hunn, fannt dir hei.

Gutt Geschier elo am Matgesfeld

 
 
 

 

Den Ëmwelt- a Bildungszenter bitt Workshoppe ronderëm d’Kreeslafwirtschaft an d’Ëmwelt fir Grouss a Kleng un. Och e Repair-Café gëtt reegelméisseg am eegene permanenten Atelier ofgehalen.

 

 
 
 

Eis Aktivitéiten an de Gäert a bei eisen Déiere riichte sech esouwuel u Schoulklassen a Léierpersonal, ewéi och u Gruppen aus dem ausserschoulesche Beräich.

Eist Zil um Matgesfeld ass et, fir Grouss a Kleng erëm méi a Kontakt mat der Natur ze bréngen an Natur- an Ëmweltschutz iwwert de Wee vun der Ëmweltbildung nohalteg ze fërderen.

Den ‘Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld’ ass e Projet vun der Gemeng Suessem mat der Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère an huet 2017 mat der Aweiung vun den éischte Gaardeparzellen ugefaangen, wou och Schoulgäert mat integréiert waren. Iwwert déi lescht Jore sinn e Beienhaus, eng Volière mat Hinger, eng Zär an eis Mini-Schwäin derbäikomm. Zënter 2021 hu mir och Säll an deene mir Schoulklassen an aner Gruppen empfänke kënnen .