Elektromobilitéit: Mythen a Märecher

Wou: Festsall vun der Gemeng

Wéini: 18.11.2024 um 19.00

Den Themenowend, deen d’Emweltjoër 2024 oofschléisst, wäert sech integral ronderëm d’Elektromobilitéit dréien.

Dass d’Elektromobilitéit nach ëmmer po0lariséiert, ass bekannt. An trotzdem ass et déi nohalteg an zukunftsweisend Art a Weis sech fortzebeweegen.

Op dësem Owend versiche mir op eng flott an entspaant Manéier mat ville vun deenen Mythen a Märecher opzeraumen.

Mat eisen Invitéen Jeff Mangers, Lucien Reger a Marvin Rassel, hu mir dräi Persounen mat passendem Hannergrond fir eis duerch den Dschungel vu Feelinformatiounen ze féieren.

Jeff Mangers

Mat engem Hannergrond am Maschinnebau, huet de Jeff Mangers 2022 och sain Doktorat an der Analys vun End-of-Life Prozesser fäerdeg gemaach.

Dofir kann hien eis eng ganz Reih Informatiounen aus dem Beräich vum Recycling ginn a beäntwert d’Fro, wou d’Batterien hierkommen a wou se higinn.

Marvin Rassel

De Marvin Rassel ass aus dem Team vu SWIO, enger Entreprise, déi Komplettléisungen fir d’Luedeinfrastuktur vu Privaten an Entreprisen ubidd.

Hie wees wéi seier a wéi gudd d’Méiglechkeeten an Zukunft ausgebaut ginn, fir den Elektroauto flexibel an flächendeckend kënnen opzelueden.

Lucien Reger

Hien ass sait den 80er ganz aktiv an den nohaltegen Themen an huet och säit 6 Joer Spass un der Elektromobilitéit.

Als Familljepapp an Entrepreneur, huet hien vill länger Trajet’en um Bockel a kann aus Erfahrung schwätzen, wat et heescht och länger Strecken mam Elektrogefier hanneru sech ze loossen.

Précédent
Précédent

Biergerforum Klimaschutz