Velostour duerch d’Gemeng

15.06.2024 am Haff vun der Schoul 2000

Eis Gemeng huet vill ze bidden, dorënner och e puer ganz flott Velosweeër duerch eis 4 Uertschaften.

Vum Veräin “Le Guidon Bieles” gouf een Velostour ausgeschafft, deen mir Samsdes den 15. Juni 2024 an engem ganz gemitterleche Kader fuere wäerten. Keng Course, keng ze schwiereg Pente, fir dass jiddfereen ka matfueren.

08.30 : Velos-Check am Haff vun der Schoul 2000 mat der Maison du Vélo
09.30 : Rendez-Vous fir de Velostour, Kaffi a Croissant fir déi di matfueren
10.00 : Départ
12.00 : Arrivée am Haff vun der Schoul 2000

Ob Elektrovelo, oder mat Kannerweenchen, jiddfereen ass wëllkomm.

Op halwem Wee maache mir eng kleng Paus, wou et eng Schlupp Waasser an eng schéi Vue op d’Natur vun der Gemeng gëtt.

Mell Iech dofir w.e.g. mat enger klenger Email un matgesfeld@suessem.lu un a sidd dobai.

Précédent
Précédent

Pimp My Bushaischen

Suivant
Suivant

Musek am Bus