Hëtzt spueren am Wanter

 

Mat klenge Geste vill bewierken. Doheem kann een ouni vill Opwand an Investment dofir suergen, dass d’Gasrechnung nom Wanter e bëssi mi interessant ausfält.

 Den Thermostat

«Dréi d’Heizung mol op 5, et ass kal hei bannen!» ass ee Saz deen dir villäicht schonn eemol héieren hutt. Leider gëtt de Raum net méi séier waarm, wann een d’Heizung voll opdréint.

Um Thermostat stellt dir an, wéi waarm et soll am Raum sinn:

1              12°C
2              16°C
3              20°C
4              24°C
5              28°C

Am Schlofzëmmer geet zum Beispill eng Heizung op 2 duer. An de Wunnraim géing een se op 3 (oder tëscht 2 an 3) astellen, fir eng Raumtemperatur tëscht 18 an 20°C ze erreechen. D’Buedzëmmer ka gäre méi waarm agestallt ginn.

Wichteg: De Gank kann ee gären op 2 loossen. Hei geet ee jo an der Reegel just duerch.

Nuets

E weidere Mythos ass «Et brauch méi Energie d’Haus opzehëtzen, wéi wann ech nuets iwwer hëtzen». Och dëst stëmmt net.

Wat awer richteg ass, ass, dass et Zäit brauch fir e Raum opzehëtzen, a jee nodeem wéi effektiv äre Radiator ass, kann dat ganz lues goen. An dësem Fall, ass et fir de Confort besser, de Raum duerchgoend ze hëtzen. Falls d’Zëmmer allerdéngs éischter schnell op der gewënschter Temperatur ass, lount et sech nuets hei net ze hëtzen.

Fir déi, di et interesséiert, hei eng Grafik déi dëst illustréiert an erkläert.

Fënsteren a Rolllueden

Stousslëften, e Wuert wat viru puer Joer och ënner aneren Ëmstänn ganz populär war, gëllt nach ëmmer. Et ass di beschte Method, fir am Wanter frësch Loft an d’Zëmmer ze loossen, ouni vill Wäermt ze verléieren.

E weidere Kolleeg: d’Rolllueden. Dëss bilden eng kleng Isoléierschicht op de Fënsteren, woumat de Wärmeverloscht duerch d’Fënsteren wieder gebremst gëtt.

Daagsiwwer lount et sech awer  d’Sonn eranzeloossen. Gratis Hëtzt!

Kleedung

Eis Kleedung ass warscheinlech di präiswäertst Aart a Weis, Heizkäschten anzespueren. Och wann een sech et owes bei der Telé ënner enger Decke gemittlech mécht, kann een d’Heizung schonn éischter ausmaachen, an Heizkäschte spueren.

 
Suivant
Suivant

Réckbléck Emweltdiplom 2023