Réckbléck Emweltdiplom 2023

 

Matgesfeld eng wonnerbar Welt fir grouss a kleng.

Dëst Joer hat Sicona d Chance eng ganz Woch um Matgesfeld mat de Kanner ze erliewen. 

Méindes hunn mir mat Natur Aart ugefaangen, duerch Naturmaterialien hunn d Kanner sech selwer an d Natur besser kennegeléiert, an hunn e klenge Krimi duergestallt andeems si ronderëm hier Silhouette Naturmaterialie geluecht hunn an sech eng Geschicht ausgeduecht hunn wat do geschitt war. Mëttes hunn mir dunn selwer Pabeier hiergestallt an en och mat Naturmaterialie wei Blummen dekoréiert. 

 

Onkraut gëtt et net, dat war de Motto vun Dënschdes, duerch verschidde Rich- a Fillspiller hunn d Kanner Kraider kennegeléiert. Sie hunn och selwer sech e Kraut ausgesicht an et dënnen anere Kanner op Plakater presentéiert. Duerno konnten si mat Naturpinselen déi si selwer gemaach hunn weise wei kreativ si sinn. Mëttes hunn mir eis eege Seef gemaach.

 

Mëttwochs hunn mir e Rallye duerch de Bësch gemaach, mir sinn op de Gaalgebierg getrëppelt an hunn ënnerwee ausgestoppten Deiere misste fannen. Mëttes hunn mir dunn Spiller um Gaalgebierg gemaach an natierlech och op der Spillplaz gespillt, et ass jo schliisslech Vakanz!

 

Donneschdegs ass et em d Ritzen a Schnitze gaangen, natierlech ier mir lassgeluecht hunn, sinn d Reegele vum Schnitzen erkläert gi. Duerno hunn mir e Bou gebaut an de getest. Mëttes huet jiddereen sech säin eegen Zauberstaf dierfe schnitzen an dekoréieren.

 

De leschten Dag hunn mir um Feier gekacht, Moies hunn mir d Geméiszopp a Stackbrout preparéiert. An Mëttes krute mir dunn vum Patrice lecker Panecher zerwéiert. D Kanner haten déi ganz Woch un enger riseger Bamhütt gebaut déi sinn dunn och fäerdeg gebaut hunn fir hiren Elteren ze weisen.

Et war trotz villem Reen ( den natierlech gutt fir d Natur ass) eng ganz witzeg a flott Woch, a mir haten alleguer eng schéin Zäit, mee ech mengen um Matgesfeld kann dat net anescht sinn ;).

 

 

 
Précédent
Précédent

Hëtzt spueren am Wanter

Suivant
Suivant

Bei oder Harespel?