Share & Repair Matgesfeld

 

Den Atelier am Matgesfeld ass op fir de Public!

An der Kreeslafwirtschaft geet et jo bekanntlech dorëm, Material ze schounen, an sou den Impakt op d’Ëmwelt esou kleng wéi méiglech ze halen. Gläichzäiteg kanns du, bei feelender Plaz oder feelendem Material hei eng nei Méiglechkeet fannen.

 

Share – Léin Dir eppes aus!

En Akkuschrauwer fënnt een hautdesdaags a bal all Haushalt. Et ass jo och e beléifte Chrëschtkaddo. Mee wéi ass et mat enger Trennscheif? Engem Elektreschen Huwwel? Oder esouguer e grousse Mixer? Do fënnt een der scho manner. A fir , dass du dir esou eppes net nei kafe muss goen, wëlls de elo eemol eppes doheem knéchele wëlls, kanns du verschidde Maschinnen am Matgesfeld ausléinen.

 

Wat hu mir hei stoen?

2 Akkuschrauwer

1 Buermaschinn

2 Wierkskëschten

Natierlech hu mir och eng Panoplie un eenzelem Handwierksgeschier. An dat Bescht? Alles aus zweeter Hand! Zukünfteg wäerte méi Maschinne bei eis erakommen.

 

Wéi geet dat?

Ganz einfach, du kënns zu den Ëffnungszäite bei eis eran.

Mé. – Fr. 8.30 – 11.30 Auer & 13.30 – 16.00 Auer
Dënschdes ass bis 18.00 Auer op

Hei fëlls du dann e Formulaire aus a fäerdeg! Di jeeweileg Saache kanns du bis zu enger Woch ausléinen, a muss se Dënschdes duerno erëm zeréckbréngen. Perfekt also, fir e produktive Weekend.

De Service ass gratis.

 

Repair – Futti ass net gläich am Eemer!

Saache gi futti, dat ass leider esou, egal wéi eng Qualitéit eppes huet. Glécklecherweis sinn nach vill Saache reparabel. E futtisse Spuet? Do kann ee sécher en neie Still drasetzen. Och verschidden elektresch Geräter loossen sech esouguer nach flécken - mat dem/der richtege/r Mann oder Fra hannert dem Dësch.

 

Wat kanns du hei maachen?

Zweeërlee sinn déng Méiglechkeeten. Entweder du kënns laanscht, a kucks selwer no dengem Geschier oder du léiss et stoen, a waarts drop, dass ee vun der Repair Café asbl. laanschtkënnt an dono kuckt.

Mir hunn hei e puer Atelieren zur Verfügung:

  • Vëlostatioun

  • Holzatelier

  • Elektro

  • Bitzen

Natierlech stinn och verschidde Verbrauchsmaterialien zur Verfügung, mir roden awer un, däin eegent Material matzebréngen.

 

Wéi geet dat?

D’selwecht wéi beim Ausléinen, kanns du zu den Ëffnungszäite bei eis erakommen an deng Saach maachen, oder däin Artikel hei loossen (natierlech fëlls du och hei eppes aus, dass näischt verluer geet).

Kaschte mécht dat Ganzt och näischt. Mir sinn awer sécher, dass een, wou däin Artikel fléckt, sech iwwer e klenge Merci freeë géing.

 

Schrauwebibliothéik

Wee kennt et net? E neie Schaaf aus dem schwedesche Buttek an Zack huet een e puer Schrauwen ze vill. Oder du brauchs genee zwou Holzschrauwen an zwee Dübele fir doheem d’Bild vun der Schwéiermamm (endlech) opzehänken? Kee Stress, do kann der eis Schrauwebibliothéik och virunhëllefen! Komm einfach laanscht a bréng di iwwerflësseg Klengdeeler mat, oder huel dir wats du brauchs.


 
Précédent
Précédent

Keep Cool ouni Klimaanlag