Keep Cool ouni Klimaanlag
Fir am Summer d’Hëtzt aus dem Haus ze halen, kritt een hautdesdaags vill grouss Maschinnen. Et ass awer och méiglech, d’Wunneng kill ze halen, ouni Suen a Stroum ze verschwenden. Dofir ginn et e puer gëlle Reegelen:
Morgenstund hat Gold im Mund
Mueres géint 4 ass et am Duerchschnëtt am keelsten. Mee och duerno ass et dobaussen nach kal genuch fir d’Wunneng mat Duerchzuch nach eemol e puer Grad eroofzekillen. Zousätzlechen Tipp:: wien verhënnere wëll dass seng Wunneng zu engem Hafe fir Insekte gëtt, sollt sech no Fliegengitter ëmkucken. Insektenofwier ouni Pestiziden
Wéineg Luucht
D’Sonneluucht mëscht e groussen Deel vun der Hëtzt an enger Wunneng aus. Dofir, ass et unzeroden, sämtlech Lueden a Rideau’en wärend dem Dag zouzeloossen.
Standby ass out
Apparater am Standby verschwende wéi gewosst Stroum. Dëse Stroum gëtt an Hëtzt ëmgewandelt. An déi wëlle mir am Summer jo net am Haus. All Apparat dee leeft ouni genotzt ze ginn, hëlleft dem Haus sech opzewiermen. Et hëlleft och, den Tiefkühler a Frigo e bëssi méi kleng ze schalten. Di Hëtzt déi nämlech bannen am Frigo entzu gëtt, gëtt an de Raum ofginn.
Fiicht Dicher bréngen et
Fiicht Dicher a Laken opzehänken hëlleft, de Raum e bëssi ofzekillen. D’Vedonschtungsenergie déi Waasser brauch gëtt dem Raum entzunn. Oppassen: Heibäi entsteet vill Fiichtegkeet. Dës kann een awer och erëm lass ginn, duerch…
Eng gutt Lëftchen
Stousslëften ass net just am Wanter gutt, mee och am Summer zimmlech cool. Dës hëlleft de CO2 aus der Loft auszetauschen an et gëtt ee manner midd. Zousätzlech, gëtt d’Loftfiichtegkeet reguléiert. Dat hëlleft och erëm, dass mir richteg schweesse kënnen. Genee wéi am Wanter gëllt hei: nët méi wéi 5 Minutten!
Nom kachen - Waasser kachen
Nom Kachen sinn d’Kachplacken oft nach ganz waarm, an hëtzen d’Kichen op. Hei kann een ganz einfach en Dëppen Waasser (mat Deckel) opsetzen, wat d’Reschthëtzt ofhëlt. Duerno geet d’Waasser einfach virun d’Dier fir erëm ofzekillen