Newsletter 03/24 – Juli/August

 

Di lescht Woche war et zimmlech verreent, mee de Summer schéngt elo (hoffentlech) endlech ze kommen. D’Schoule kommen esou lues an d’Vakanzestëmmung wärend an der Natur fläisseg weider geschafft gëtt.


 
 
 

Oppent Matgesfeld

Den 29. Juni gouf am Matgesfeld de Safe Space fir d’LGBTQ+ Kommunitéit ageweit. Nieft dem Besuch vun der Ministesch fir Gendergläichheet an Diversitéit Yuriko Backes, goufen et awer och Workshops fir Grouss a Kleng ënner enger festlecher Stëmmung, mat Musik vun IRINA.

D’Fotosgalerie fannt dir hei: https://www.suessem.lu/fr/galerie/oppent-matgesfeld/

 

 

Mobilitéitsjoer 2024: Musék am Bus

 De 5. August ass et esou wäit: Et gëtt Musek an de Buslinnen 2 an 3 um Terrain vun der Suessemer Gemeng gespillt.


Auerzäit: 15.00-16.30 an 16.30-18.00

Linn 2 tëscht dem Arrêt Raemerich an Cité Kaufmann

Linn 3 tëscht dem Arrêt Gare Belval an Gare Bascharage/Sanem

 

 

Naturpakt

De Freideg, 28. Juni 2024, huet déi zweet Editioun vum Naturpakt Dag an der Gemeng Niederanven stattfonnt. Dësen Evenement war d'Geleeënheet, fir déi 30 kierzlech zertifizéiert Gemengen ze éieren an et huet den Acteuren aus dem Secteur d'Méiglechkeet gebueden, sech z'informéieren an ënnereneen auszetauschen.

D’Gemeng Suessem huet am Audit éischter dëst Joer 43,5 % erreecht an ass domat mat “Bronze” um Naturpakt Dag belount ginn.

Änlech wéi beim Klimapakt, gëtt am Naturpakt d’Erhale Biodiversitéit a Schaffe vun Naturraum bewäert a belount. Mat dësem Tool ass et virun allem de Gemenge mol méiglech hiren Territoire aus der biologescher Perspektiv kennen ze léieren, fir dann och ze wëssen, wat ee schützt.

 

 

Einfach just eng Foto

 

 

Gaardekalenner – Juli/August

Elo kommen di waarm Méint. Wat muss een da bedenken? Wat kann ee maachen? Wourop muss een onbedéngt oppassen?

Hei fannt dir de ganzen Artikel.

 

 

Emweltdiplom 2024

Wëllt dir eng Woch laang um Matgesfeld verbréngen, Saachen entdecken, nohalteg bastelen an eppes iwwer d’Natur léieren?
Ma et sinn nach Plaze fräi fir Kanner aus dem Cycle 3 a 4.

Datum: 02.09.2024 - 06.09.2024 ¦ 09.00-16.30

Mellt Iech op matgesfeld@suessem.lu un.

 

 

Abonnéiert Iech

Falls Dir nach net abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.

Dëst braucht dir just eemol ze maachen.

 
Suivant
Suivant

Newsletter 03/24 – Mee/Juni