Newsletter 03/24 – Mee/Juni
No engem Abrëll wéi en am Buch stoung, geet et lues awer sécher op dat gutt Wieder duer. D’Sonn laacht scho moies fréi duerch d’Fënster an d’Natur schéngt endgülteg aus hirem Wanterschlof eraus ze sinn.
Amphibienexkurisioun: wat quaakt op der Gadderscheier?
Wann dir emol interesséiert sidd, wat esou am Weier bei der Gadderscheier lieft, da kommt op dëse flotten an informativen Trëppeltour de 15.05 mat der SICONA.
All d’Informatiounen fannt dir um Site vun der SICONA
Mobilitéitsjoer 2024: De Programm
Am Kader vum Mobilitéitsjoër ginn et dëst Joer eng Rei Aktivitéite ronderëm d’Mobilitéit. Hei sinn d’Links zu de spezifesche Säite fir all Event:
15.06.2024: Velostour mam Le Guidon Bieles. Start um 09.30 am Haff vun der Schoul 2000
05.08.2024: Musek am Bus op den TICE Linne 3 a 5 tëscht 15.00 an 18.00 Auer
Läscht Woch August: Trëppelworkshops fir Senioren mat de Minettstrëppler
21.09.2024: Dag ouni Auto a Velosokkasiounsmoart op der Place de l’Indépendance
Oktober: Biergerforum Klimaschutz zur Mobilitéit an der Gemeng
Dir fannt awer och ab elo de Reider “Ëmweltjoer 2024” an der Navigatioun vum Site.
Di jeeweileg Säite ginn no an no mat weideren Informatioune gefëllt.
Méi net am Mee
Am Mee sinn d’Wise moer. Dofir maacht mat a weist dass manner méi ass. Méi nët am Mee ass eng Aktioun vun der SICONA. Am Emweltbüro kritt dir och e Sticker.
Botzaktioun am Lycée a Park Belval
D’Klass 4GSOF aus dem Lycée Belval huet wärend hierer Sustainability Week e klenge Projet zum Littering gemaach, an hunn do den 18. Abrëll eng Botzaktioun ronderëm de Lycee an am Park Belval gestart.
Dëst soll als Pilotprojet fir eng reegelméisseg Botzaktioun zielen, déi de Lycée Belval ab kommendem Schouljoer well aféieren.
Hei fannt dir d’Présentatioun vum 03.05.2024.
D’Gemeng seet Merci fir den Asaz a freet sech op eng weider Zesummenaarbecht!
Gaardekalenner – Mee/Juni
Am Mee ass wuel bei all Gäertner eng gewëssen Hektik ze spieren. Hei am Gaardekalenner fir d’Méint Mee a Juni steet, wat ee soss nach alles maache kann.
Oppent Matgesfeld
2021 ass d’Gemeng Suessem eng LGBTIQ+ Freedom Zone ginn. Mat dësem Hannergrond gëtt Matgesfeld am Kader vun der oppener Gaardepäertchen zum Safespace fir jiddereen·t ernannt.
Matgesfeld steet net nëmme fir eng biologesch Diversitéit ma och fir Integratioun an Toleranz. Jiddereen ass wëllkomm fir d’Gäert besichen ze kommen an de Pride Mount Juni auskléngen ze loossen. Fir Iessen, Drénken an interaktiv Ateliere fir d’Kanner ass gesuergt.
Kommt den 29.06.2024 bis laanscht! Mir si vun 10.00 bis 18.00 do.
Abonnéiert Iech
Falls Dir nach net abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.
Dëst braucht dir just eemol ze maachen.