
Avenue 2025
Am Kader vum Appel à projet « Méi Natur an eise Stied an Dierfer », inspiréiert vun der globaler Beweegung fir méi nohalteg Stied an am Zougeständnes vun der Noutwennegkeet, urban Hëtztinselen ze bekämpfen an eis Biodiversitéit ze förderen, huet d’Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mam Bureau d’Etudes Zeyen+Baumann dësen ambitiéise Projet entwéckelt. Avenue 2025 baséiert op enger grëndlecher Ëmgestaltung vun 1.628 m² urbaner Fläch andeems versigelt Flächen an urban Gréngzone verwandelt ginn.
De Schwéierpunkt vum Projet läit op der Schafung vu gréngen, duerchlässege Flächen, déi net nëmmen d'Loftqualitéit verbesseren an zur Waasserversickerung bäidroen, mee och eng ëmfangräich Palette un heemesche klimaresistente Planzen a Beem enthalen. D’Visioun vun der Gemeng Suessem ass et, e Raum ze schafen, deen net nëmme biologesch Diversitéit ënnerstëtzt, mee och als kille Refuge an der Stad déngt an zur CO2-Späicherung bäidréit.
Fir d’Meenungen an d’Feedback vun den Awunner ze sammelen, gouf am Abrëll e klenge Fest organiséiert. Dëst huet de Bierger d’Geleeënheet ginn, hir Iddien an Gedanken mat eis ze deelen. Mat ronn 30 Participanten war d’Evenement e vollen Erfolleg. Dobäi hunn sech Themen wéi Sécherheet, Liewensqualitéit an Trafic erauskristalliséiert. Bedenken goufe geäussert iwwer d’Verkéierssécherheet, wann eng Spuer entsiegelt gëtt. Weiderhin hu verschidde Leit sech Gedanke gemaach, datt eventuell erhéichte Kaméidi an deem neien Espace vert kéint optrieden.
Op Basis vun dësem wäertvolle Feedback gouf en neie Plang ausgeschafft, deen als Basis fir weider Zesummenaarbecht mat den Awunner dénge soll.
Mat Hëllef vum Feedback vum Fest gouf en neie Plang ausgeschafft. Enn Juni gouf dunn den Avenue Forum ofgehalen, wou d’Awunner a zwou Gruppe konnten hire Feedback ginn. Den Awunner gouf direkt op hir Bemierkungen geäntwert, an et koumen nees vill interessant Iddien op den Dësch. Et konnt och kloer erkläert ginn, firwat verschidde Saachen net méiglech sinn.
Den finale Projet soll elo bis 2024 stoen, an d’Konstruktioun soll dann am Joer 2025 ufänken.