Spullkëscht

Säit September 2022 gëtt et déi éischt Becherwäschanlag hei am Süde vum Land, an dëst zu Bieles. Dëse nohaltege Projet ass eng Iddi vun der Gemeng Suessem, dee vum CIGL Suessem geréiert gëtt. De Käschtepunkt fir de ganze Projet leit ronn bei 900000€, 750000€ fir den Aménagement vun der Hal an 137000€ fir d’Maschinn selwer. Bei der Gare Bieles-Réideng, direkt niewent dem neie Gîte um Minett Trail, steet déi 6 Meter laang professionell Spullmaschinn M-iQ vu Meiko, déi op Plastiksbechere spezialiséiert ass an déi niewent dem Spullen och en Drécheprogramm duerchféiert.

D'Jessica Birklé ass zesumme mam Enoque Outeiro responsabel fir d'Spullkëscht. Mat 4 weidere Bénéficiaire, déi vun der ADEM assignéiert sinn a maximal 2 Joer beim CIGL Suessem kënne bleiwe, kënne si ronn 1.700 Bechere pro Stonn wäschen. An der selwechter Stonn ginn awer och nach d'Këschten op der Hand gebotzt, an- an ausgeraumt a virun allem exakt kontrolléiert a gezielt. 

De gréisste Client sinn 10 vun deenen 11 ProSud Gemengen. Ausser Rëmeleng, kommen all d’Gemengen hier Becheren an d’Spullkëscht botzen. Sollt den eegene Stock eng Kéier net duer goe, da kënnen d’ProSud Gemengen op e Stock u Becheren a 4 verschiddene Varianten (0,25l, 0,33l, Schampes a Wäi Becheren) zréckgräifen.

Mam „Den Atelier“ ass 2024 e weidere Partner dobäi komm. De CIGL Suessem huet e groussen Deel u Bechere vun de Concerten an der Hollerecher Strooss an och vun de Concerten an der Luxexpo an der Abbaye Neimënster fir „Den Atelier“ gespullt. Am August 2024 ass dann och déi éischt Spull fir d’Rockhal gemaach ginn, déi och elo e Partner vun der Spullkëscht ass.

2023 konnte ronn 750000 Bechere gespullt ginn. Mëtt August 2024 ass déi Unzuel mat 734000 Bechere scho quasi areecht ginn, esou datt d’Previsioun fir 2024 bei ronn 1 Millioun Bechere wäert leien.

Mam neien Offallgesetz vum 9. Juni 2022 ass op allen ëffentleche Manifestatiounen ab dem 1. Januar 2023 all Geschier aus Eewee-Plastik verbueden an ab dem 1. Januar 2025 ass et och net méi erlaabt Eewee-Geschier aus anere Materialien (z. B. Kartrong, Bambus, asw.) ze benotzen. Geplangt ass och e Stock un Iessensbehälter fir déi verschidde ProSud Gemengen ze geréieren.

Duerch dee groussen Erfolleg huet den Ausbau vun der aktueller Hal ugefaang a fir spéitstens Mëtt 2025 ass geplangt eng zweet Spullmaschinn ze kafen, déi dann haaptsächlech fir Iessensbehälter soll genotzt ginn. Hei sollen dann och mindestens weider 3 Bénéficiaire der aktueller Equipp ënnert d’Äerm gräifen. 

De Projet vun der Spullkëscht ass direkt an 2 Punkten eng „Success Story“. D‘Bénéficiaire an hir 2 Responsabel vum Projet verriichten net nëmmen eng wichteg Aarbecht fir e méi ëmweltfrëndleschen Emgang mat Becheren an Iessensbehälter op deene verschiddenen Evenementer, mee och de sozialen Aspekt spillt eng wichteg Roll. 

Précédent
Précédent

Avenue 2025

Suivant
Suivant

Nohalteg Beschaffung zu Suessem