Eis Epicerie

De 6. Juni 2015 huet Eis Epicerie Zolwer hier Dieren opgemaach. D’Iddi dat d’Gemeng Suessem soll eng Quartiers Epicerie kréien ass awer scho vill méi al.

Si gëtt geleet vun engem Verwaltungsrot, deem seng Memberen aus ville verschiddene Beräicher kommen.

Eis Epicerie Zolwer ass den 30.6.2017 di 2. SIS (Société d’Impact Social) zu Lëtzebuerg ginn.

D’Gemeng Suessem stoung vun Ufank un hannert dem Projet an huet vill derzou bäi gedroen dat Eis Epicerie haut dat ass wat se ass. Si ass e wichtege Partner am Projet.

Kloer war dat dëse Projet op 5 Pillet’en baséiert ass :

1.       Integratioun vu Persounen déi um 1. Aarbechtsmarché keng Chance hunn oder méi hunn (TUC, EMI, ...)

2.       Promouvéieren, verkafen a verschafe vu Produiten déi aus lokaler a regionaler Produktioun kommen, biologesch ugebaut gi sinn an / oder aus fairem Handel kommen, Produit’en déi an Ateliers protégés oder an Réinsertiouns Mesuren hir gestallt ginn

3.       De Clienten aus dem Office Social eng Plaz schafen wou si ouni stigmatiséiert ze ginn akafe kënnen

4.       Mat Persounen ze schaffen déi sech bénévol engagéieren

5.       Der Noperschaft eng Méiglechkeet ginn sech an der Epicerie ze treffen a flott Momenter mateneen ze verbréngen

D’Epicerie funktionéiert och als Central d’Achat fir d’SEA Struckturen aus der Gemeng an doriwwer eraus och fir verschidden Nopeschgemengen.

An der Epicerie befënnt sech och e klenge Bistrot deen souwuel Mueres Kaffi ubitt wéi och an der Mëttesstonn 2 Dagesmenüen : 1x mat Fleesch oder Fësch an 1x vegetaresch/vegan. Et gëtt ganz vill Wäert op Anti-Gaspi geluecht, d.h. zb gëtt all dat Geméis an Uebst aus der Epicerie, wat net méi schéi genuch ass fir ze verkafen am Bistrot verschafft.

D’Méiglechkeet besteet och sech Mëttes e Menü heem liwweren ze loossen.

D’Epicerie ass spezialiséiert op Cateringen, sief et fir privat Persounen oder gréisser Firmen Eventer.

An der Epicerie schaffen den Moment 27 Persounen (4 mat engem feste Kontrakt, 9 EMI’en (ADEM) a 15 TUC’en).

Zum Projet Eis Epicerie Zolwer ass 2019 Eis Brasserie Boulodrome derbäi komm.

D’Brasserie ass vu Mëttes bis Owes op. Hei ginn all Dag 2 Dagesmenüen proposéiert 1x mat Fleesch oder Fësch an 1x vegetaresch/vegan. Et ginn awer och all Woch 3 Suggestiounen an et huet een Méiglechkeet verschidde Platen op enger klenger Menüskaart ze fannen. Och hei gëtt Antigaspi ganz grouss geschriwwen.

Wéi den Numm Brasserie et seet kann een hei souwuel iessen wéi och gemittlech bei engem Patt zesumme setzen.

An der Brasserie schafen de Moment 21 Persounen (2 mat engem feste Kontrakt, 3 EMI’en (ADEM), 1 CDD (Studentekontrakt) a 15 TUC’en).

Précédent
Précédent

Matgesfest

Suivant
Suivant

Une Famille, Une Terre