
Matgesfest
Säit véier Joer fënnt Ufanks Oktober d’Matgesfest statt. D’Kooperatioun vum Emweltbüro vun der Gemeng Suessem mat verschiddene Veräiner verwandelt den Areal ronderëm den Emwelt- a Bildungszenter all Joers an en Hierschtmärchen.
D’Grondpillieren vum Fest? Gudd an nohaltegt Iessen, flott Musék a familljefrëndlech Ënnerhalung. An deen een oder aaneren interessanten (an och nohaltegen!) Verkafsstand mëscht sech och ëmmer drënner.
Nieft der gemitterlecher Ambiance op engem (bis elo ëmmer) sonnegen Oktoberweekend, kréien d’Leit d’Méiglechkeet d’Déieren vum Matgesfeld vu méi no ze gesinn. D’Veräiner déi hëllefen, suerge mat Iessen a Gedrénks, dofir dass keen hongreg heemgeet. A sou muncher een huet hei villäicht d’Virléift fir eng vegan Zoossiss entdeckt, oder sech einfach wéi all Joers iwwer déi frësch gebrode Champignons hiergemaach.
D’Musék, déi d’Fest begleet, ass och ëmmer passend ausgesicht. Nieft dem Apéro-Concert, deen all Joer vun enger anerer vun de Muséken aus der Gemeng Suessem gespillt gëtt, stellen sech och e puer méi gängeg Nimm wéi Zero Point Five oder de Joël Marques an d’Reih.
Et gëtt awer och ëmmer gekuckt, Newcomeren eng Bühn ze bidden, an ze weisen, wat si kennen.
Och fir di Kleng ass ëmmer fir Spaass gesuergt. Nierft dem Evergreen, der Sandkëscht, bidd den Animastaff vum Jugendhaus SABA emmer eppes flottes un.
Als éischten Event vun der Gemeng Suessem, deen als GreenEvent organiséiert gouf, war hei och d’Méi grouss, fir de Kader vum Fest esou nohalteg wéi méiglech ze gestalten. Sou fannt dir um Matgesfest näischt wat Dreck mëscht.
Och d’Verkafsstänn, déi mir alueden, hunn ëmmer eng nohalteg Konnotatioun, ob Upcycling, Lokales oder Produkter aus fairem an nohaltegem Hannergrond.