
Emwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
Dëst ass e Projet dee vun der Gemeng, an Zesummenaarbecht mat den Entreprisen EcoTransfaire an Naturbaustoff realiséiert gouf.
De Besoin, fir um Matgesfeld eng Plaz ze schaffen, wou Schoulklassen, Maison Relais oder aner Gruppe vu Kanner, awer och Jugendlecher an Erwuessener, kënnen a verschiddenen Aktivitéite méi iwwer Natur, Klimawandel a Kreeslafwiertschaft ze léieren, gouf et scho länger.
Nodeem d’Büroscontaineren, déi um Chantier vun der Résidence op der Waassertrap (REWA) an dem Kannerkampus am Asaz waren, nët méi gebraucht goufen, huet d’Gemeng se an d’Matgesfeld bruecht, fir hei revaloriséiert ze ginn.
Fir d’Dämmung vum Gebai gouf komplett op nohalteg Materialien zeréckgegraff.
Mat Holz aus Lëtzebuerg gouf eng Daachkonstruktioun an eng Rumm fir d’Isolatioun gebaut. Dämmmaterial si Stréibotten (aus Frankräich), déi fest kompriméiert sinn (an doduerch och e gewësse Brandschutz liwweren) a mat Lehm (aus Däitschland) versigelt.
Ugestrach gouf eng Säit mat Mielfaarw. Hei ginn natierlech Pigmenter mat Waasser a Miel opgekacht.
Fir d’Gebai awer nach méi an d’Landschaft ze integréieren, ass e Vertikalgoart op d’Westsäit vum Gebai gehaang ginn, ënnert dem Motto «Iesse fir de Mënsch an Iesse fir d’Insekten».
Zousätzlech goufe mat der Hëllef vun der SICONA, verschidden Nistkästen befestegt. Hei fanne verschidde Vullenzorten en Doheem. Och eng Schleiereilekëscht gouf installéiert.
E Rousebeet an Insektenhoteler ronderëm d’Gebai suerge fir de Schutz an d’Entwécklung vun den Insekten um Terrain.
Fir Stroum a Wäermt gëtt och op nohalteg Méiglechkeeten zeréckgegraff. Sou suergt eng Pelletheizung am Wanter fir d’Wäermt. D’Pellets ginn zum Deel aus de Spéin vum Schräinereibetrib vun der Gemeng produzéiert.
De Stroum liwwert eng PV-Anlag aus Panneau’en, déi aus enger fréierer Anlag kommen. Hei suergen 8 kWp fir de Jus, deen och zum Deel an der Batterie (LiFePO4) vun 14.4 kWh gespäichert gëtt. Sou huet den Ëmwelt- a Bildungszenter bilanziell kee Stroumverbrauch um Netz. Fir bei Pannen oder mol héije Verbrauch net am Donkelen ze sëtzen, ass d’Gebai awer um normale Stroumnetz ugeschloss.
De Reen wou iwwer dem Daach vum Gebai erofgeet, gëtt komplett a 5 IBC-Tanks vu jeeweils 1000L gespäichert a suergt heimat fir eng Ressourceschounend Bewässerung vum Schoulgoart.
D’Inhalter, déi am Ëmwelt- a Bildungszenter ugebuede ginn, sinn duerch an duerch nohalteg. Sou sinn nët just d’Workshops ausschliisslech an der Thematik, mee och de Kader ronderëm. Keen Eeweeplastik, Fairtrade a lokaalt Iessen (z.B. beim Emweltdiplom) a Gedrénks, vegetaresch, ressourcespuerend si just e puer Begrëffer, mat deenen d’Aarbecht um Matgesfeld ka beschriwwe ginn.
Den 31. Mee 2022 koum S.A.R . Grand-Duc Henri dann och de Chantier besichen.
De Projet huet 2023 de Climate Star gewonnen an ass domat och op der internationaler Bühn bekannt.


























