
Nohalteg Beschaffung
An deene Beräicher wou den Ëmweltbüro Afloss huet, gëtt gekuckt entweder op Apparater aus 2. Hand zréck ze gräifen oder energieeffizient Apparater ze kafen. Virum allem am Matgesfeld gëtt exakt dorop opgepasst. Zb. sinn d’Solarpanneauen um Dag vum Bildungszentrum aus 2. Hand, d’Kichegeräter hunn all eng gutt Energieklass. Souguer gëtt de Projet “Gutt Geschier” vun der EBL hei ëmgesat.
De ganze Kopiespabeier deen d ‘Gemeng Suessem bestellt ass 100% recycléierte Pabeier mat de Labelen “Blauer Engel” an EU Ecolabel. Sait 2024 sinn d’Enveloppen och mat dësem Label bestallt ginn.
2021 huet de Schäfferot och d’Richtlinn erausginn, dass d’Bürosmaterial an der Administratioun an am Service Technique nohalteg mussen akaaf ginn. Sou gëtt hei Wäert op Artikele geluecht, déi zum Beispill aus recycléiertem Plastik bestinn, oder op aner Manéier nohalteg produzéiert goufen. (FSC/PEFC Pabeier, Re-Use)
An de Strukture ginn esouwuel lokal wéi regional a Fairtrade Produit’en verschafft. Dëst ass och rezent am Gemengeroot festgehale ginn, wou de Leitfaden fir d’Liewensmëttel zu Suessem gestëmmt gouf.
De CIGL aus der Gemeng Suessem produzéiert op e puer Siten an der Gemeng Bio-Geméis an -Uebst wat direkt an de Kantinne verschafft gëtt. D ‘Kantinne sinn am Programm Natur genéisse vun der SICONA a ginn och all Joer ob di virgeschriwwe Krittäre getest.
An der Gemengeverwaltung gëtt Kaffi, Zocker, Jus a Chipsen aus fairem Handel verschafft. All dës Produite gi bei Eis Epicerie Zolwer akaaft.
Och d’Botzmëttel déi an de Gemengegebaier agesat ginn, hunn den EU Ecolabel a ginn an Däitschland hirgestallt.