Bei oder Harespel?
Insekte si fir déi eng wonnerschéin Déieren, fir vill anerer awer oft eng lästeg Begleedschaft.
Hei maachen och d’Beien an Harespele leider keng Ausnam.
Wann de Summer méi an d’Rulle kënnt, ginn och d’Insekte méi lästeg, well se eis gefillt op Schrëtt an Trëtt begleeden. Dëst, well am Summer d’Ressourcen méi rar ginn, zumools wann et laang drechen ass.
Mee wat ass wat?
Hei mol e klenge Verglach tëscht Bei an Harespel:
Apis mellifera
Genéisst e gudde Ruf
Ass e Notzdéier
Bestäubung
Eischter donkel-giel bis orange mat Schwarz gestraift.
“Pelzeg”
Ernärt sech virun allem vun Nektar. Soss och mol Séisses waat um Dësch leie bleiwt.
Baut Näschter déi eng länger Zäit op der selweschter Plaz bleiwen
Baut hiert Nascht aus Wuess, wat si selwer sekretéiert.
Pickt eemol
Bekannte Cousin’en: Solitärbeien, Hummelen
Vespula vulgaris
Kee gudde Ruf
Ass en Notzdéier
Bestäubung
Botzt d’Natur (z.B. Kadaveren)
Natierlechen “Pestizid”
Knätschgiel mat schwaarze Straifen a Punkten
Nët esou “pelzeg”
Ernärt sech vun dem wat se fënnt
Baut hiert Nascht aus Zellulose (wéi Kartrong), wat si an der Natur (oder bei eis) fënnt
Kann e puermol picken
Bekannte Cousin’en: Runnen (Hornisse)
Lo kéint een natierlech scho bal soen dass d’Bei e bëssi iwwerbewäert ass. Mee et sollt een e éischter esou gesinn, dass d’Harespelen immens mëssverstane sinn.
Fir béides gëllt awer: Net ëmbréngen!
Béides (an hier Cousin’en) sinn Notzdéieren a wichteg fir d’Biodiversitéit.
Runnen stinn och ënner Naturschutz, a sinn am Verglach zu Harespelen och vill manner aggressiv.
D’Ausnam hei mëcht di asiatesch Runn, bei däer direkt bei der ANF muss Bescheed gesot ginn.
Wat maachen ech also, wann ech en Nascht gesinn hunn?
Net panikéieren. D’Déiere sinn an der Reegel friddlech
Beien- an Harespelsberooder kontaktéieren (Roland Kremer: 661-371-770 oder iwwer www.apis.lu)
Jee nodeem wéi akut et ass, gëtt d’Nascht op nohalteg Aart a Weis ewech geholl.
Falls et net noutwendeg ass, ginn d’Déieren a Rou op hirer Plaz gelooss. Dann muss een awer säi Verhalen e bëssi upassen:
Keen Iessen oder Gedrénks oppe stoe loossen. Dëst lackelt Harespelen un.
Wann ee Besuch kritt, roueg bleiwen. Aen a Mond zoumaachen, d’Nues zouhale wann se engem ze no kommen. Eng aner Persoun ka kucken, ob se net an den Hoer oder an der Kleedung verschwënnt.
Keng abrupt Beweegungen
Net bloosen (den erhéichte CO2 am Otem mécht Harespelen och aggressiv. Sou funktionéieren si leider)
Net mat Waasser sprëtzen.
Mat der Zäit ginn d’Déiere vum selwe fort. Oder si klauen Iech e Stéck Ham a fléien Heem.
En Haushaltstrick ass, frësche Kaffi (leider geet et net mat Kaffissaaz) unzefänken, dass en dämpt. Dat ass awer Verschwendung a gëtt och séier deier. (Un Fairtrade denken!)
Insektefaale sinn an der Reegel och ze evitéieren, well se d’Déieren éischter ulackelen. An et ass och net di humaanst Aart a Weis, onerwënschte Besuch lasszeginn.
Sou kann Mënsch an Déier de Summer genéissen!